Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Gréiwemaacher
Clinical Role Overview
Mir siche fir d'Maison Relais Gréiwemaacher Educateurs diplômés (M/W/NB) fir 20-30 Stonnen/Woch am CDI
D'Maison Relais an der schéiner Muselgéigend zu Maacher bitt Plaz fir ronn 290 Kanner. Déi vill verschidde Funktiounsräim (z.B. kreativen Atelier, Medienraum an e Raum fir sportlech Aktivitéiten) bitt eng ofwiesslungsräich Betreiung fir d'Kanner. Bausse stinn eis kannergerecht Spillplazen zur Verfügung. Mais och d'Regioun ass ideal fir flott Ausflich, déi de Aarbechtsalldag beräicheren kënnen. Hei ze schaffen heescht, Deel vun enger engagéierter Equipe ze sinn an d'Kanner an enger inspiréierender Ëmwelt ze begleeden.
Deng Aufgaben:
-
Du empfänks a begleeds d’Kanner
-
Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn
-
Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung
-
Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren
Däi Profil:
-
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier
-
Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten
-
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesh schreiwen a schwätzen
-
Du hues en Permis B an e perséinlechen Auto
Wat dech erwaart:
-
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
-
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
-
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
-
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
-
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge ronn 1700 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
Ready to apply for this vacancy?
This healthcare opportunity is hosted on CV-Library. Click below to view the official posting and submit your application.
Key Details
- Date Posted: 27 Oct 2026
- Location: bitburg
- Employment Type: Permanent
- Workplace: On-site
- Category: INT
Need an updated clinical CV?
Create an ATS-optimised medical CV with professional healthcare templates.
Build Free CV NowEmployer Information
ARCUS asbl
Verified Healthcare EmployerVerified NHS trust or certified UK healthcare facility offering professional development and clinical governance.
More Jobs at ARCUS asbl